Resultater vun der ëffentlecher Fuerschung sollte fir jiddwereen zougänglech sinn. Ma d’Realitéit ass anescht: D’Maisons d‘édition verspäre wëssenschaftlech Publikatiounen hannert deiere Paywalls a maachen domadder enorm Beneficer. De Marc Schiltz steet als President vu Science Europe un der Spëtzt vun enger Initiativ, déi des Paywalls wëll ofschafen (https://www.coalition-s.org/why-plan-s/). 2 Commentaire(n)
Zwee Joer gouf verhandelt a getrickst an elo soll awer alles, an e puer Wochen, nees anescht ginn: De Brexit léisst um europäesche Modell verzweiwelen. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf. 7 Commentaire(n)
An eiser Carte blanche vun haut, oder besser gesot an eiser „Carte jaune“, wéi hie se intituléiert huet, zeechent de Paul Hammelmann, unhand vun 3 Beispiller eng éischter düster Visioun vun Europa am Joer 2019. 6 Commentaire(n)
Politik a sozialen Netzwierker, dat kann e geféierleche Cocktail sinn. Mat ville Risiken a Niewewierkungen. Eng Carte Blanche vum Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist Marc Glesener. 12 Commentaire(n)
Am Hannergrond vum Michel Houellebecq sengem neie Roman an de Manifestatioune vun de Gilets Jaunes, stellt de Paul Rauchs sech dës Fro. 16 Commentaire(n)
D‘Feierdeeg sinn eriwwer. Eng Zäit, wou een d'Joer Revue passéiere léisst a sech besënnt op dat, wat wichteg ass. Mä wat ass wichteg? An dëser Carte Blanche deelt d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin, hir Erfarungen aus dem Beruffsalldag. 6 Commentaire(n)
An hirer Carte blanche geet d'Anne Brasseur op déi initial Vokatioun vun Europa an - de Fridden. A virum Hannergrond vun aktuellen Entwécklungen an der Welt schwätzt sech d'Politikerin fir eng europäesch Arméi aus. 20 Commentaire(n)
An der Chrëschtzäit ginn traditionell vill Donen, "Actions de fin d’année" an Ähnleches méi fir gutt Zwecker a fir sozial Institutiounen gemaach. Eng dovu presentéiert an enger Carte blanche de Georges Hellinghausen. 8 Commentaire(n)
Chrëschtdag - gemittlech Stonnen an der Famill oder mat Frënn, do freeë mir eis dach alleguer drop. Si se wierklech sou idyllesch, wéi dat an sou muncht Lidd wochelaang gesonge gëtt…? Doriwwer eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a begeeschterten Kommunikatiounsexpert. 4 Commentaire(n)
De Roland Pinnel, Éierendirekter vum Luxembourg City Tourist Office, stellt sech d’Fro, ob et e Paradigmewiessel an der Noriichtewelt gëtt. Wat hien domat mengt, seet hien eis a senger «carte blanche». 3 Commentaire(n)