Carte Blanche vum Fernand FehlenLëtzebuergesch an der Schoul

Ons Schoul investéiert schonn ze vill Stonnen an de Sproochenunterrecht an dofir bleift keng Zäit fir och nach Lëtzebuergesch ze léieren. Dat ass eng Meenung, déi een oft héiert a mat där de Fernand Fehlen, fréieren Dozent op der Uni Lëtzebuerg, net d'Accord ass.

Dëst Argument baséiert op enger falscher Iddi, nämlech datt d'Resultat vum Sproochenunterrecht haaptsächlech vun der Zäit ofhänkt, déi een dran investéiert. Natierlech brauch een Zäit fir eng Sprooch ze léieren an ze üben. Mee dat ass nëmmen ee Facteur. Vill méi wichteg ass d'Motivatioun an d'Method.

Carte Blanche: Fernand Fehlen (3. Februar)



An der Geschicht vun der Lëtzebuerger Bildungspolitik ass keng Fro méi debattéiert ginn, wéi d'Method vum Franséischunterrecht. Am 19. Joerhonnert sinn zwou Methoden ënnerscheet ginn: déi grammatesch an déi praktesch. En Unhänger vun där zweeter huet 1871 geschriwwen: "Il faut parler aux enfants la langue qu'on leur enseigne." Haut wäert wuel kee méi dëse Saz a Fro stellen. An trotzdeem héiert een ëmmer nees Echoen, datt d'Kanner ze fréi mat ze vill komplizéierte Regelen an ausgefalene Wieder gestriizt ginn. Esou guer de Minister Meisch huet gesot, datt „dat wat an onsen offiziellen Texter steet, oft keng Relevanz [huet] fir dat, wat an der Schoul geschitt“. An den Texter steet och, datt d’Franséisch eréischt soll am drëtte Schouljoer geschriwwe ginn, „mä déi meescht [Enseignanten], déi maachen et awer schonn am Laf vum 2. Schouljoer“, seet de Minister.

Vill Schüler hunn no laange Jore Franséischunterrecht nach keng Aisance an där Sprooch. Mee wat vill méi schlëmm ass, si hunn e regelrechten Haass op d’Franséisch entwéckelt.
Am Däitsche sinn d’Resultater zwar besser. Zumindest bei de Lëtzebuerger Mammesproochler. Mee och do huet een d'Impressioun, dat den zäitlechen Opwand a kengem Verhältnis zum Resultat steet. Vun Enseignanten aus dem Lycée héiert een, datt kaum nach e Schüler no Cinquième Progrèsen am Däitsche mécht. Déi meescht sinn dann op engem Kompetenzlevel ukomm, mat deem se zefridde sinn.

Ech sinn iwwerzeegt, datt een déi allgemeng Kompetenz an dësen zwou Sproochen an och am Englesche verbessere kéint, wann een d'Grondschoul radikal nei organiséiere géif, mat Lëtzebuergesch als Haaptunterrechtssprooch, fir der aktueller Schoulrealitéit Rechnung ze droen. Well haut ass d‘Lëtzebuergesch, déi Sprooch, déi als Kommunikatiounssprooch am meeschte präsent ass, souwuel am Klassesall, wéi och am Schoulhaff. Firwat soll een se dann net och als Unterrechtssprooch méi asetzen? D'Majoritéit vun de Kanner hunn dës Sprooch als Friemsprooch an der Spillschoul geléiert. Firwat sollen se dann am 1. Schouljoer, wann et un d’Liesen an d‘Schreiwe geet, mat enger neier Friemsprooch, dem Däitschen, geplot ginn. Dat mécht pädagogesch kee Sënn.

Fernand Fehlen, Soziolinguist a pensionéierten Dozent vun der Uni Lëtzebuerg

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.