Carte Blanche vum Robert UrbéAsylpolitik

An eisen Nopeschlänner sti Wahle virun der Dir. Do gëtt versicht, mat allem Méigleche sech bei de Wieler anzeschmeechelen. Iwwerdreiwungen a Wonschdenke sinn do ee Mëttel. A wéi ëmmer fierft dat Ganzt op eis of, seet a senger Carte Blanche de Robert Urbé, Porte-parole vu Caritas Lëtzebuerg.

Carte Blanche: Robert Urbé



D’EU gëtt ëmmer nach ee lamentabelt Bild of. Do wëllen eng Rei Regierungen näischt vu Solidaritéit wëssen, a si besti weider drop, datt sech d’Italiener an d’Griichen ëm “hir” Asylanten ze këmmeren hätten!

Op der anerer Säit gëtt deen ieweschte Bayer net midd, no enger “Iewescht Grenz” fir Flüchtlingen ze ruffen. Dobäi ass dat nëmme Bauerefänkerei, well hie misst eigentlech genau wëssen, datt et dat net gëtt. Mä all Mënsch, deen an engem Land wëllt eng Demande op Asyl stellen, muss eragelooss ginn an huet d’Recht, datt seng Demande, individuell, ënnersicht gëtt: Dat seet d’Genfer Flüchtlingskonventioun!

E bësse méi wäit, verlaangt säin éisträichesche Koseng, dass d’Flüchtlinge sollten déi Säit vum Mëttelmier a Campe gesammelt ginn, an da kéinte sech d’Europäer do déi Vulnerabelst aussichen, nom Motto: net d’Schlepper, mä mir selwer entscheeden, wie bei eis kommen däerf! Dobäi misst och hie wëssen, datt net nëmmen an deene meeschte Länner all Viraussetzunge feelen, fir sou eppes ëmzesetzen, mä dat sou och dat fundamentaalt Recht verletzt géif, net zréckgewisen ze ginn an e Land, wou een net sécher ass.

Och bei eis sinn des Froe verschiddentlech diskutéiert ginn a gi virun diskutéiert. Well et bitt sech jo bal keen Thema besser un, fir beim Wieler wëllen unzekommen!

An deem Zesummenhang gëtt dann och gäre gesot, mir kéinten se jo awer net all ophuelen. Mir vergiessen do, datt nëmmen e ganz kléngen Deel bei eis kënnt. Mat ronn 63 Prozent sinn di meescht Leit, di iergendwou fortgelaf sinn, nach ëmmer an hirem Land op der Flucht, anerer waarden an den Nopeschlänner, datt d‘Situatioun sech sou verbessert, datt si zréck an hiert Land kënnen. 86 Prozent vun alle Flüchtlinge ginn an Entwécklungslänner opgeholl, an nëmmen dee klengste Prozentsaz dervunner kënnt an Europa un.

Loosse mer eis näischt virmaachen: ugezunn an e Land ginn Demandeurs d’asyle virun allem dann, wann d’Prozedur do laang dauert a wann eng gewësse Chance besteet, e puer Joer wéinstens do kënnen ze verbréngen. D’Prozedure méi séier maachen, ouni awer dofir deem Eenzele seng Rechter ze beschneiden, gehéiert zu enger gudder Asylpolitik.

An dann och d’Schafe vu Méiglechkeete, fir legal an d’Land ze kommen, da brauch een et net op en illegale Wee ze versichen!

Ausserdeem misst Europa endlech zu enger gemeinsamer solidarescher Flüchtlingspolitik fannen. An: an all Ambassade vun engem EU-Land misst ee kënnen eng Demande stellen, fir an iergendeen europäescht Land ze kommen. Dat géif et och de Schlepper méi schwéier maachen. An da sollte mer virun allem hëllefen, d’Problemer do ze léisen, wou se sinn an entstinn.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.