Carte Blanche vum Jean-Luc ThillSpideeler an Ethik

Nodeems den eenheelteche Wärteunterricht an eise Schoule muench Problemer geléist huet – ass dat bei der Iddi, déi eenzel Ethikscomitéen an eise Spideeler duerch en nationale comité d’éthique hospitalier commun ze erstëtzen net de Fall. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche: Jean-Luc Thill



Fir d’éischt kënnt d’Friessen an duerno d’Moral, sou huet de Bertold Brecht et an der ‘Dreigroschenoper’ op de Punkt bruecht. Nodeems déi industrialiséiert, an der Haaptsaach westlech Länner, dorënner och Lëtzebuerg, sech de Bauch vollgeschloen, an d'Täschen och gutt gefëllt haten, koum d'Zäit fir sech ze froen, ob een esou kéint weidermaachen. Eng rhetoresch Fro – awer wéi ëmgoe mat deem ‘Neen!’? Ganz einfach – sou moralesch Ierweeër (Feeler) mussen ophalen, a lues awer sécher huet all Firma ugefaange sech Wäerter ze ginn. Nom Motto: Vertrauen ass gutt, awer Kontroll nach ëmmer besser, krut dunn och all Betrib en Ethik-Comité, fir d’Problemer déi dëst Wäerter mat sech kënne bréngen ofzeweien.

Sou och d’Kliniken, déi zënter dem Spidolsgesetz vun 1998 heiheem all sou en Ethik-Comité hunn. Zesummegesat aus dem Personal aus de diverse Gesondheetsberuffer, wéi och externen Experten, alle virop Juristen, Philosophen a soziale Beruffer. Dëst erméiglecht eng differenzéiert Approche net nëmmen zu de gestalte Problemer, mä doriwwer eraus och zu de Kulturalitéite vun all  eenzeler Klinik. Ugefaange bei der Prise en charge vum Patient iwwert de Refus vu Blutttransfusiounen aus reliéiser Iwwerzeegung bis hi bei d’Fro op en Traitement weider gefouert oder opgehale soll ginn.

Elo soll dës Praxis en Enn kréien. Nodeems d’Educatioun mam eenheetleche Wäerterunterrecht de Wee fräi gemaach huet, wëll och d’Santé déi lokal Comitéen opléise fir se duerch en eenzegen, an zwar dem “Comité d’éthique hospitalier commun” ze ersetzen. Sou gesäit et allzäit den Artikel 27 am Projet de loi N° 7056 iwwer Spideeler vir. Am Exposé dee Motiv soll dëse Comité dofir suergen dat all ethesch Virschrëften an all Spidol op déi selwecht Manéier ëmgesat soll ginn. Spéitstens bei der Zesummesetzung vun dësem nationale comité éthique hospitalier mellt sech dann de gesonde Mënscheverstand. Dësem widdersprécht souwuel sou eng pensée unique wéi och d’Virstellung sou ethesch Froen à distance wëllen ze klären, an d’Virdeeler vun der Proximitéit wéi och der Reaktiounszäit einfach opzeginn. Natierlech ginn et Froen déi wäit iwwert e lokale Comité erausginn – dofir ginn et awer besser Léisungen wéi d’Propos vum Artikel 27.

AMMD – den Daachverband vun de Medeziner – ass och net amused , weder iwwert den Text, nach iwwert d’Aart a Weis wéi en zoustane koum a scho guer net iwwer déi feelend Dialogbereetschaft vum Ministère, an dat wäit iwwert den Artikel 27 eraus.
Eenzeg Kloerheet besteet bei der Signature vum Projet, an zwar där vun eiser aktueller Regierung: am Virfeld mat kengem schwätzen a sech duerno iwwerrascht weisen, datt keen de fäerdege Projet gutt kann heeschen.

Datt de gesonde Mënscheverstand mat der Politik net ëmmer kompatibel ass – weess all Kand. An dësem Fall wier et awer gutt de Projet de loi 7056 nach emol ze iwwerdenken, ënnert anerem den Artikel 27. Wéi Politik ausgesäit wann de gesonde Mënscheverstand bis zesummebrécht, dat wësse mer erëm zanter dem 20. Januar – an do wëll keen hin.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.