Carte Blanche vum Marc GlesenerDe Populismus huet vill Pappen

Den Donald Trump ass President a brécht mat villem vun deem, wat mer bis elo kannt hunn. Wéi konnt et esou wäit kommen? De Grondsteen fir den Erfolleg vun esou Populisten si vun der Politik an deels och vun deenen, déi doriwwer beriichte geluecht ginn, mengt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjäregen Journalist, a senger „carte blanche“.

Et vergeet kaum een Dag ouni spektakulär Trump-Noriichten, déi fir gehéiereg Opreegung a Protester suergen. An den USA , virun allem awer am Rescht vun der Welt.

De 45. US-President  brécht am Fong mat all deem, wat d’Leit esou gewinnt waren an der Politik. Den Trump ass anescht, et kann ee soen erschreckend anescht. Wou dat alles virun allem aussepolitesch hiféiere wäert, ass net ganz kloer. Dee grousse Plang vum Trump ass hei net ze erkennen. Am Raum steet ee Leitmotiv, dat fir vill Duerchernee suerge kann: „America first“.

Nun ass de Phänomen Trump an ee staarkt Fokusséieren op dat eegent Land am Fong keen isoléierte Phänomen. Och an Europa sinn ëmmer méi Politiker a Parteien, déi an hirem Positionnement national-populistesch Téin uschloen an de Protektionismus als bescht Rezept beschreiwen.  Dëst souzesoen als Géigeprogramm zu enger globaliséierter Welt, an där méi Grenze falen, ewéi der opgebaut ginn.

Wat sinn d’Grënn fir des Entwécklung a wou leien déi déif Ursaachen heivun? Do fale mer spontan zwou Äntwerten an.

Eng éischt dovu betrëfft déi politesch Klass, déi sech vläicht ze vill ewech beweegt huet vun den eigentleche Suergen a Problemer vu ville Leit. Dës kruten dacks den Androck, si géifen net eescht geholl. Dëst Gefill verstäerken net zulescht déi sëllechen Affairen, wéi zum Beispill a Frankräich. Ech denken hei ganz aktuell un de Kandidat François Fillon, dee vum politesche Moralapostel elo selwer zum presuméierten Acteur an enger Affaire ginn ass. An dësem Kontext ass ee Saz vum Fillon a senger Ried ugangs der Woch symptomatesch fir d’Haltung vun ofgehuewene Politiker: Am Kontext vun der Affaire Sarkozy sot hien en Dënschdeg viru senge Leit folgendes: „Ce matin, j’ai une pensée émue pour Nicolas Sarkozy et tous ceux qui vont être mis en cause par la justice dans les jours prochains.“ Mir déi gutt, d’Justiz déi béis. Esou einfach ass et. Des arrogant, jo scho bal süffisant Haltung schaaft weder Vertrauen nach Glafwierdegkeet bei de Leit. De Gruef tëscht der politescher Klass an deenen anere gëtt esou ëmmer méi déif.

Mat deem Erfolleg vun de Populisten hunn och deels déi ze dinn, di iwwer déi ëffentlech Saach beriichten. Beispill Trump. D’Medien hunn dem Mann enorm Plattforme gebueden. Dat ass et awer net eleng. Et ass esou, dat systematesch Autoritéiten an Institutiounen awer och d’Politik en général bewosst an e schlecht Liicht geréckelt ginn. Alles korrupt. Alles Profiteuren. Alles Leit an Acteuren, déi keng Problemer upaken. Wann een dëst Bild ze laang zeechent, traut kee méi deenen esou genannten Etabléierten. Dann hunn d’Populisten an d’Extremisten et einfach. Si notzen dann déi Vertrauenskris aus, déi selwer gemaacht ass an op engem Splécke vun der Gesellschaft berout: d’Elitten op der enger, déi einfach Leit op der anerer Säit. Dat ass ongesond. Dat misst deenen ze denke ginn, déi Politik maachen an awer och deenen, déi doriwwer beriichten.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.