Carte Blanche vum Paul RauchsE Schuman-Plang fir d'Zithaklinik?

No der Pressekonferenz d'lescht Woch freet den Dr Paul Rauchs sech, firwat d'Fusiounspidol sech ausgerechent Hôpitaux Robert Schuman nennt?

Zu enger Zäit, wou de Film «Eng nei Zäit» eemol méi d’Fro stellt, wéi d'Lëtzebuerger sech am leschte Krich beholl hunn, wär et och un der Zäit ze kucken, wat onse Clausener Nationalhellegen, de Robert Schuman, zu där Zäit gemaach huet. Abbé, hien huet 1940 als Deputéierte vun der franséischer Nationalversammlung d’plein Pouvoiren un de Maréchal Pétain gestëmmt, hie war Minister vun deem senger 1. Regierung an hie gouf no dem Krich mat Indignité Nationale bestrooft, an déi huet den de Gaulle eréischt opgehuewen, wéi en de Schuman gebraucht huet, fir Europa opzebauen.

Et ass symptomatesch, dass d’Megafusiounsspidol (also de Kirchbierg, d’Zitha, de Bohler an d’Sainte Marie) ausgerechent no dësem Mann benannt ass, mä dat beweist zur Genüge, datt deen neie Conseil d’Administratioun léiwer mam Bistum collaboréiert, wéi mat der Zitha zesummeschafft. No engem vill zitéierte Bréif vun e puer erfuerenen Zithasdokteren huet dëse Conseil zwar d’lescht Woch eng Pressekonferenz ginn, fir ze betounen, dass hire Schuman-Plang virgesäit, dass d’Zitha weider funktionéiere soll a souguer, wéi virgesin, ausgebaut géif. Mä trotzdem, de wéineg elegante Limogeage vum fréiere Generaldirekter vun der Zithaklinik gläicht engem Vote de pleins Pouvoirs un de Bëschof, deen, vergiesse mer et net, mat dëser Fusioun, ganz propagandawierksam, dat gréisst Klinikskonglomerat zu Lëtzebuerg geschaf huet, méi grouss wéi déi laizistesch CHL, CHEM oder Hôpital du Nord.

D’Zithaschwësteren, déi jo eigentlech dem Vatikan an net dem Bistum ënnerstinn, hunn an de 90er-Jore refuséiert, zesumme mam Sacré-Coeur an der Sainte Elisabeth de Kierchbierg ze bauen. No enger Vertrauenskris awer mat hiren Dokteren, hu si sech nodréiglech entschloss, de chrëschtleche Spidolspol dach nach zesummenzeleeën. Dass an der Zithaklinik d’Gesetz vun der Euthanasie ugewandt gëtt, huet sécher och eng Roll gespillt, mä wat sinn e puer Euthanasië géint déi Honnerte vun Avortementer, déi all Joer am Bohler duerchgefouert ginn? De Fransous géing elo soen: «Les voies du Seigneur sont impénétrables et les chemins de l’enfer pavés de bonnes intentions.»

Mä d’Pressekonferenz d’lescht Woch war vläicht endlech en 1. Schrëtt fir där «drôle de guerre» en Enn ze maachen an d'Kierch am Duerf respektiv d’Zitha op der Gare ze loossen. An iwwregens: De Robert Schuman ass am Gaang helleg gesprach ze ginn, mä d’Theologen aus dem Vatikan sichen nach ëmmer no engem Wonner vun him. Mä vläicht geschitt jo elo dëst Wonner, wann d’Equippen dës Säit an déi Säit vun der rouder Bréck sech endlech verdroen a verhënneren, dass hir nei Klinik CECA genannt gëtt, wat esou vill heescht wéi Cliniques ennemies catholiques de l’archévêque. Amen.

26/10/2015 Carte Blanche Paul Rauchs 7h50 klein



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.