Carte Blanche vum Ben FayotDe 27. Januar, net nëmmen e Gedenkdag!

De 27. Januar, ass de Weltgedenkdag vun der Befreiung vun Auschwitz. Et gëtt Leit, déi mengen, et géif elo duer goe mat där aler Geschicht vu viru méi wéi 70 Joer. Leider hunn déi Leit onrecht. Well de Geescht, deen Auschwitz ervirbruecht huet, ass net verschwonnen.

Carte Blanche vum Ben Fayot



Auschwitz steet fir de Mord vu sechs Millioune Judden, vun honnertdausende vu Sinti a Roma, Homosexuellen, Mënsche mat Gebriechen an Handicap, d.h. vun all deene Mënschen, déi dem Nazi-Rassenwahn vum völkesch rengen Arier net entsprach hunn.

Auschwitz steet och fir Ausgrenzung, Verdreiwung, Spoliatioun an Entwierdegung vu Mënschen, deenen hir Relioun, hir Kultur, hir Nationalitéit an hir Liewensweis der wäisser Härerass net gefall hunn.

An Auschwitz steet fir den totale Krich an eng erbarmungslos Diktatur. 

Nom zweete Weltkrich huet d’Weltgemeinschaft a besonnesch Europa d‘Theorien, déi zu där Katastroph gefouert hunn, konsequent bekämpft.

Et wär awer eng Illusioun ze mengen, déi wären definitiv ee fir allemol verschwonnen.

Nach ëmmer gëtt et Leit an Europa, déi d’Verbrieche vun den Nazien entschëllegen.  

Et ass scho laang keen Tabu, méi ze behaapten, et wär den Holocaust iwwerhaapt net ginn. Zënter Joerzéngte mécht de Le Pen a Frankräich Witzer mat der Vergasung vun de Judden. Seng Partei fënnt dofir Zoustëmmung vun engem Véierel vun de franséische Wieler.

Am haitegen Däitschland si rietsextrem Parteien erëm salonfäeg.  Al an nei Nazie ruffen zum Haass an zu Verbriechen géint Asylanten an Auslänner op.

Jo, et gëtt erëm an europäesche Länner Auslännerhaass, Antisemitismus, extremen Nationalismus an autoritär Parteien.

Elo schonns ass de Krich géint ons fundamental Wäerter am Gaangen.

Den islamisteschen Terror féiert e bluddege Krich géint ons fräi Zivilisatioun.

Eng rietsextrem Allianz entwéckelt sech géint d’europäesch Unioun vu Frankräich bis Däitschland iwwer Groussbritannien.

Hire Krich gëtt mat infame Ligen an nationalistescher Hetz gefouert. De Brexit ass d’Resultat dovun. En notzt kengem, och Groussbritannien net, a schued alle Länner vun Europa.

Dat autoritäert Russland wëll dat fräit Europa schwächen an de Kontinent no sengen nationale Virstellungen ëmkrämpelen.

Iwwer Europa ewech gi weltwäit d‘Leit mat falschen Noriichten fanatiséiert. Et si gutt organiséiert Internetsitten, déi dëse Krich féieren andeem se an demokratesch Wahlen agräifen.

D’USA ass en erschreckend Beispill dofir, wéi sech iwwer dee Wee eng nationalistesch Politik duerchgesat huet.

All dee Wouscht vun völkeschen, autoritären an nationalisteschen Theorien, deen an den Zwanzeger an Drësseger an Däitschland zur Hitlerdiktatur, zum Iwwerfall op kleng a grouss Länner an Europa an zum Holocaust gefouert huet, lieft nach ëmmer weider.

Dofir muss op dësem Gedenkdag ëmmer op en neits gewarnt ginn.

Trotz eenzele Kritiken un der europäescher Zesummenaarbecht musse mer dobäi ëmmer un d’Haaptsaach denken.

Dat ass de Fridden duerch d'Zesummeschaffe vun den europäesche Länner. Dat ass d’Sécherheet vun Europa. Dat ass de Respekt vun de Mënscherechter fir e Liewen a Fräiheet, Toleranz a Solidaritéit.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.