Carte Blanche vum Joaquim Monteiro"Wir schaffen das"?

Virun ee puer Woche si mer gewuer ginn, dass déi däitsch Kanzlerin wëlles huet Entwécklungshëllef ze reduzéieren, respektiv ze ënnerbrieche fir Länner, déi hir Bierger net zeréck ophuele wann dës an Däitschland vun hirem Asylrecht deboutéiert gi sinn an zeréck geschéckt solle ginn. Dozou eng Carte Blanche vum Joaquim Monteiro.

Éier mer hei weiderfueren, wëll ech de Nolauschterer kuerz drun erënneren, dass eng Persoun déi deboutéiert ginn ass vun hirem Asylrecht eng Persoun ass, déi eng Demande d'Asyl gestallt huet mä der de Refugié Statut definitiv verweigert ginn ass.

Déi annoncéiert Moossnam soll een Deel vun der däitscher Reaktioun sinn op den terroristeschen Attentat vun Dezember deen Dosende vu Leit d'Liewe geholl huet zu Berlin a gläichzäiteg d'Bevëlkerung versécheren. Scheinbar war de Mann mat tuneseschem Ursprong vu sengem Asylrecht deboutéiert ginn zanter Méint an dofir reng theoretesch guer net méi op däitschem Territoire. De Problem war, datt Tunesien deen néidege "laisser-passer" eréischt nom Attentat ausgestallt huet, also ze spéit fir dat déidlecht Drama ze verhënneren. Wier de Mann mat Zäiten zeréck geschéckt ginn, wier näischt geschitt, schéngt also d'Argumentatiounlinn ze sinn. Zur Erënnerung, ee "laisser passer" ass een Dokument un dem d'Ursprongsland eng Persoun als säi Bierger erkennt an dem entspriechend och akzeptéiert zeréck ze huelen. Dat ass ee Prinzip am internationale Recht, wat op bilateral administrativ Kooperatioun berout an wat vermeide soll Apatriden ze schafen.

A priori, näischt Erstaunleches oder illegal. Däitschland huet Recht méi Kooperatioun vu senge Partnerlänner ze verlaangen, esou laang déi och wëlles oder d'Méiglechkeet hunn déi Fuerderungen ze verfollegen an esou laang d'Kooperatioun net zum Chantage gëtt. Trotzdem werfen esou Moossnamen eng Rei Froen op, besonnesch wéi vill reelle Wëllen an der Zesummenaarbecht tëschent räichen a méi aarme Länner stécht.

Éischtens, mam Fanger op een oder méi Länner weisen, déi et schwéier hunn méi ze kooperéiere bréngt d'Dossiere wuel kaum méi schnell weider, mä stigmatiséiert éischter ee ganzt d'Land, besonnesch seng Institutiounen. Dofir si verschidden Tunesier och op d'Strooss gaange fir hir Onzefriddenheet ze weisen no der Mme Merkel hir Annonce. Dass relativ einfach ze verstoen, dass domat d'Kooperatioun tëschent deenen zwee Länner net onbedéngt gestäerkt ginn ass.

Zweetens, Entwécklungshëllef esou ze konditionéiere kann als Chantage gesi ginn, oder méi schlëmm als kollektiv punitiv Moossnam interpretéiert ginn. Jiddefalls ass et am Kader vun enger solidarescher Kooperatioun schwéier ze verstoen.

Drëttens, déi ethesch Fro mënschleche Schicksal an dem Stil auszehandele muss gestalt ginn. Ass et raisonnabel eng reng utilitaristesch Approche zur Entwécklungsaarbecht a Migratioun ze verteidegen, mam Risiko d'Vertraue vun de Partnerlänner ze verléieren?

Schlussendlech, an aus enger méi pragmatescher Siicht, kënne mir eis och d'Fro stellen iwwert d'Efficacitéit vun dëse Mesure par Rapport zu méi Sécherheet an de Kampf géint Terrorismus. Wéi eng Garantie gëtt et, dass wann de Mann mat Zäiten expulséiert gi wier, hie seng Terror-Pläng net ëmgesat hätt, zu Berlin oder soss enzwousch?

* Vize-President vun der Lëtzebuerger Entwécklung-ONG Stop Aids Now/Action de Coopération pour l’environnement et la santé


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.