Commentaire

Neie Centre Commercial zu Gaasperech

RTL - 06.02.2007, 08:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Danièle Weber, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

“Et wielt ee kee Kannibalismus”, sot de Fernand Boden nodeems hien de Projet vum neien Auchan am Gaasperecher Bann duerchgewonk hat. Mat de 37.500m2 wäert dëse Shoppingzenter bei wäitem dee gréisste ginn, deen et bis elo zu Lëtzebuerg gëtt. Anescht ewéi vrun zéng Joer, wéi et ëm den Auchan um Kierchbierg gaangen ass, huet dëse Projet trotzdem bis elo keng besonnesch héich Welle geschloen - niewent dem Fernand Boden, mécht sech och déi gréng-blo Koalitioun an der Stad net vill Suergen ëm d'Zukunft vum stater Commerce.

D'Opreegung wär eréischt opkomm, wéi bis een Numm um Projet am Gaasperecher Bann stoung - sot de Buergemeeschter Paul Helminger - domat huet hien net Onrecht - een Numm ewéi Auchan suergt bei verschidde Leit fir méi Opreegung ewéi anerer.

Allerdéngs: Egal op Auchan oder Cactus - et fält engem schwéier, dat ze gleewen, wat elo iwwert den neie Projet zu Gaasperech gesot gëtt. Zum Beispill d'Argument vun där sou genannter komplementärer Offer - dat seet, an den neien Auchan kéimen eben aner Geschäfter, wéi déi, déi et bis elo am Stadszentrum gëtt: Do freet ee sech: Wéi eng Zort Geschäfter sollten dat sinn?

Et géif vill méi Zorte Cliente wéi een mengt, seet d'stater City-Managerin Géraldine Knudson an de Buergemeeschter kënnegt eng offensiv Approche vun der Stad Lëtzebuerg un. Just, wou bleift den Inhalt vun där Offensiv? Et ass jo net, wéi wann ee sech nach keng Gedanke gemaach hätt: Schonn am Joer 1998 - also bal vrun zéng Joer - hat d'Consulting Deloitte and Touche an enger Étude iwwert de Commerce zu Lëtzebuerg eng ganz Partie Recommandatioune ginn. Dorënner waren Iddien, wéi d'Schafe vun engem Observatoire, dee regelméisseg Statistiken op den Dësch leet. Geschwat gouf och dovu Lokomotiv-Commercen z’installéieren oder awer ee vu Servicer um Client, ewéi Garderien, alles dat Iddien, déi gréisstendeels am Tirang leie bliwwe sinn.

D'Geschäftsleit selwer misste méi dynamesch optrieden, hat Deloitte deemools recommandéiert. Dat de stater Geschäftsverband dat net richteg fäerdeg bréngt, ass eng Saach. Datt d'Stad Lëtzebuerg awer och keng Strategie huet, fir den Zentrum kommerziell attraktiv ze halen, eng aner. Do geet et sécher net duer, de Geschäftsleit ze recommandéieren, Liewkuchhäerzer an d'Vitrine ze leeën, wa Schueberfouer ass. D'Rotonden op der Gare als iwwerdaachte Maarthaal hätt een zum Beispill net eréischt missten am Kulturjoer entdecken.

Eng vun den Iddien aus der Étude vun '98 - déi vum City-Manager - gouf jo an der Tëschenzäit realiséiert - allerdéngs net onbedéngt mam néideschen Élan. Op der Homepage vun der Stad Lëtzebuerg sicht ee ganz ëmsoss no engem Link op dëse Service.

A wat den offensiven Optrëtt ugeet: Konkurrenz belieft d'Geschäft - dat hätt bis elo nach ëmmer gestëmmt - sou der Geraldine Knudson hire Commentaire iwwert deen neien Auchan. Datt an dësem Mätch scho sou munnech Geschäfter an der Stad hier Dieren hu missten zoumaachen - ass eng Wourecht, déi genee esou richteg ass. Et kënnt just drop un, vu wéi enger Säit een drop kuckt.



14. Feb 07:45  Et ass fir ze kräischen
12. Feb 07:45  Klimapolitik am Schleekentempo
7. Feb 07:45  En Terrain, e Spekulant, e faule Compromis ... an eng Fläsch
5. Feb 07:45  Europawalen a schwieregen Zäiten
31. Jan 07:45  Quo Vadis Fonds du Logement?!
29. Jan 07:45  D'CSV traut sech den onséchere Wee
24. Jan 07:45  Renouveau .. a wou dann?
22. Jan 07:45  CSV quel choix!?
17. Jan 07:45  Den egoistesche Brexit
16. Jan 12:30  Verlinkt, gelinkt