Commentaire

Den Dennis Hastert: ee lëtzebuerger Jong!

RTL - 23.09.2005, 08:28 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Jacques Kapp, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Dennis Hastert, sou heescht zanter e Méinden den neie Pompjeesbau vun Uesweller. Nieft dem President vum amerikanesche Representantenhaus deen extra fir d'Aweiung an d'Heemecht vu sengen Urgrousseltere koum waren natierlech och grouss Deeler vun der nationaler Politprominenz present.

Natierlech si se houfreg zu Uesweller, houfreg op den neie Pompjeesbau an awer och houfreg op de berühmte Mann mat uesweller Wuerzelen; den Dennis Hästert oder besser op lëtzebuergesch Dennis Hastert ass wierklech ee vun hinnen, op d'mannst gëtt e sech sou.

Guttmiddeg, sympathesch, onkomplizéiert, je e richtege Jong aus dem Duerf deen och d'Heemecht vu sengen Urgrousselteren net vergiess huet.

Ëmsou méi beandrockend ass dass well dësen 'bal stack-Lëtzebuerger' et elo zu eppes bruecht huet an der grousser Welt.

Hien ass ee vun de Groussen an awer mam Häerz nach beim klengen Heemechtsduerf.

De wichtegen an dichtege Mann aus den USA, der eenzeger Weltmuecht, kënnt nees Heem a positionéiert Uesweller an domatter och Lëtzebuerg definitiv op déi geopolitesch Weltkaart. Grousssdeeler vun der nationaler Polit-Nomenklatura ware vun der Wichtegkeet vun der Zeremonie iwwerzeegt mee besonnesch iwwerzeegt awer vun der eegener Wichtegkeet. En historeschen Ament.

Den Dennis Hastert denkt u Lëtzebuerg a mir denken awer och un hien. Viru Méint krut de Speaker déi héichsten national Auszeechnung iwwerreecht; je Friede Freude Eierkuchen. Interkontinental Frëndschaft wéi am Billerbuch. E richtegen Hollywood Szenario. Starbesetzung groussen Écran Technicolor etc.

Zeenewiessel. Réckbléck.

Ufank 2003: Am hektesche Virfeld vum Irak Krich, de Meenungskrich tëscht den USA an old Europe. De Bush a seng republikanesch Frënn hunn eng regelrecht Medienhetz ugestiwwelt géint déi europäesch Länner déi sech getraut hu fir de Krich ze verdaamen, dorënner bekanntlech och Lëtzebuerg.

Besonneg ferm op d'Tromm heet de Speaker vum Representantenhaus Dennis Hastert oder soe mer elo léiwer nees Hästert. De fervente Krichfrënn verlaangt de Boykott vu verschidenen europäesche Produkter.

Duerch orange Etiketten op Wäin a Mineralwaasser sollten d'US Konsumenten drop higewise ginn dass se Gedrénks vun Anti-Irak-Krich Länner géifen kafen. Dat war den 12te Februar 2003 de konkrete Virschlag vum Daennis Hästert

Mineralwaasser.

Do denkt een als Lëtzebuerger dach u Rosport, d'Heemechtsgemeng vum Daennis Hästert deen huet deen Ament awer och guer net u se geduecht.

Mat sou Boykott Initiativen awer kann de Mr Speaker engem aneren, weltberühmte Mann mat lëtzebuerger Originen d'Hand reechen, nämlech dem José Bové, d'Symbolfigur vun de Globaliséierungsgéigner. De Jong mat Veiener Wuerzele fuerdert jo fir Mac Do an aner Delikatessen aus de States ze boykottéieren.

Wéi wier et da mat engem Kulturzenter oder engem Pompjeesbau José Bové zu Veianen ?



14. Feb 07:45  Et ass fir ze kräischen
12. Feb 07:45  Klimapolitik am Schleekentempo
7. Feb 07:45  En Terrain, e Spekulant, e faule Compromis ... an eng Fläsch
5. Feb 07:45  Europawalen a schwieregen Zäiten
31. Jan 07:45  Quo Vadis Fonds du Logement?!
29. Jan 07:45  D'CSV traut sech den onséchere Wee
24. Jan 07:45  Renouveau .. a wou dann?
22. Jan 07:45  CSV quel choix!?
17. Jan 07:45  Den egoistesche Brexit
16. Jan 12:30  Verlinkt, gelinkt