Déiererubrik

Déiererubrik vum 8te Juni um 13h00

08.06.2018 - 13:03

Eng dräifaarweg Kaz, e schwaarz-wäisse Kueder an e bronge Bengal-Kueder hunn sech duerch d'Bascht gemaach


Zu Bierden gëtt eng dräifaarweg Kaz vermësst. Si lauschtert op den Numm Grimmel, ass dobaussen éischter fäertereg a léisst sech net gären upaken.
Telefon  691 64 41 35

De Waldi, e schwaarz-wäisse Kueder ouni Schwanz huet sech zu Uewerkäerjeng duerch d'Bascht gemaach. Hien ass zimlech fäertereg.
Telefon  691 73 95 96


Zu Pärel hei vir an Däitschland gëtt no engem bronge Bengalkueder gesicht, hien huet Tëppelen wéi e Leopard. Den Akono, sou  heescht en, ass virwëtzeg, awer och e bësse schei a kéint enzwousch agespaart sinn.
Telefon  621 30 65 51