Déiererubrik

Déiererubrik vun 13.00 Auer

12.06.2018 - 13:03

© Agatha
Zu Betzder gëtt eng 4 Joer al, brong-wäiss getigert Kaz vermësst. D'Agatha ass zimlech schei. Telefon: 621 282 346

Nom Popcorn, engem roude, laanghärege Kueder, gëtt zënter dem 3. Juni zu Peppeng gesicht. D'Patten, den Hals, de Bauch an d'Schwanzspëtzt si wäiss. Telefon: 621 320 030



Dann ass de Joé vu Biereng bei Miersch zënter e Sonndeg den Owend net méi heem komm. Hien ass e brong getigerte Kueder mat engem wäisse Kënn a gréngen Aen. Hien hippt vir riets. Telefon:  691 679 531