Déiererubrik

Déiererubrik vum 20ste Juli um 16h00

20.07.2018 - 16:00

Zu Esch gëtt no engem klengen Chihuahua gesicht, an zu Menster ass e schwaarze Kueder fortgelaf


De Poupy, e klengen Chihuahua vu 5 Méint, huet sech gëschter Owend zu Esch um Gaalgebierg an der Géigend vun der Grenz duerch d'Bascht gemaach. Hien ass wäiss mat schwaarze Flecken, an huet en Harnais un. De Mupp ass éischter fäertereg. Telefon 621 33 03 25 


Zu Menster gëtt, och zënter gëschter Owend, de Papuche vermësst, e groussen dënne schwaarze Kueder. Update: de Papuche ass erëm doheem.