Déiererubrik

Déiererubrik vun 10.00 Auer

25.07.2018 - 10:00

© Ellie
D'Ellie, eng siwe Méint al Schildpattkaz, gëtt zu Péiteng an der Avenue de la Gare vermësst. Opfälleg sinn hir zwou viischt Patten: déi eng ass schwaarz an déi aner orange. Telefon: 621 229 580

Zu Ettelbréck an der Géigend vum Kreesverkéier leeft een klengen Hond mat spatzen Oueren ronderëm, hien ass weiss an brong , an huet ee roude Collier un.
Et ass wahrscheinlech e Genre Pinscher. Telefon 810 16 222

Gesicht gëtt zu Betten op der Mess nom Nuszka, enger fäertereger, schwaarz-wäiss-rouder Kaz.Update: D'Nuszka ass erëm doheem.



Virgëschter Owend ass zu Äischen bei Stengefort eng Kaz fortgelaf. D'Déier ass rout getigert mat wäisse Patten an engem wäisse Fleck op der Nues an zimlech reng gebaut. Et lauschtert op de Numm „Rucky“. Et ass eng Mudder vun 8 Joer, ganz zoutraulech a virwëtzeg! D'Rucky kéint also enzwousch eragelaf an do agespaart gi sinn. Telefon  30 98 40.