Déiererubrik

Déiererubrik vum 1ten August um 10h00

01.08.2018 - 10:00



De Keenaï, en orange-getigerte Kueder vun 2 Joer huet sech den 30ste Juli zu Bieles bei der Schoul duerch d'Bascht gemaach. Telefon 691 54 98 64

Zu Méchela gëtt zënter dem 29ste Juli no enger weiblecher Kaz gesicht déi op den Numm Max lauschtert. De Puss huet 1 Joer, si ass schwaarz mat wäisse Patten an enger wäisser Schnuff.  Update: D'Max ass nees doheem!


D'Ginga, eng méi mokeleg getigert Kaz, ass e Freiden zu Wickreng ugedréckt. Telefon  621 76 83 99


De Mikey,  e schwaarz-wäisse Kueder vu 5 Joer, gëtt zënter dem 29ste Juli zu Bartreng vermësst . Hien ass méi reng gebaut, a well e krank ass, verdréit e just Rëndergehacktes als Fudder. En huet en Tatoo mat der Nummer: PDE95 an as gechipt. Update: De Mikey ass nees doheem!