Déiererubrik

Déiererubrik 06/08/2018

06.08.2018 - 10:00

Zanter leschtem Donneschde gëtt zu Beefort de Marley vermësst, dat ass e mockelege schwaarz/wäisse Kueder, nawell schei an och wëll wann ee probéiert en anzefänken. De Puss ass gechippt. Telefon 661 678 905


Da gouf gëschter e Villche fonnt, dëst zu Käl ...en Onzertrennlechen. E schéngt nach relativ jonk ze sinn, ma en ass ganz heemlech....
E-Mail: dianeschiltz@gmail.com
Telefon 621 353 836

An dann ass nach Pohunn zu Räichel fortgeflunn. Lauschtert op den Numm Willy. Et gëtt ugeholl dass de Villchen an der Géigend Préizerdaul, Osper, Réiden... misst sinn. Telefon 691 610 400

Eng Bengalkaz gëtt vermësst, dëst zanter dem 3. August zu Nidderfeelen. Si lauschtert op den Numm ‚Minou‘ , huet 20 Méint, ass ganz schmuel a laang , ass beige-brong mat schwaarzen Tëppelen iwwert de Bauch an dem Réck (typesche Leopardprint). Si huet eng wäiss Schnuff an e wäissen Hals a gréng Aen a schwaarz Sträifen tëscht den Oueren. Hei gëtt et och eng Belounung. Telefon 691 811 149