Déiererubrik

Déiererubrik vum 16ten August um 13h00

16.08.2018 - 13:00

Zu Dondel ass e kastréierte Kueder zougelaf, hien ass getigert, mat engem wäissen Hals a wäisse Been. Ausserdeem huet en eng wäiss Bless déi diagonal iwwert d'Nues geet. Hien ass ganz zoutraulech.
Zu Mamer bei der Kierch ass gëschter eng jonk wäiss mat gro  Kaz fonnt ginn. Si huet ongeféier 1 Joer an ass ganz heemlech.
An zu Stroossen an der Géigend vun der Maternité ass e klenge Kiederchen vun engem Mount zougelaf, Hien ass pechschwaarz an e bësse fäertereg.
Fir allen 3 Kazen gëllt den Telefon 32 83 23