Déiererubrik

Déiererubrik vun 10.00 Auer

20.08.2018 - 10:00

© Mia
D'Mia, eng gro-brong getigert Kaz, déi ënnert dem Kënn e bësse wäiss ass, gëtt zu Beetebuerg vermësst. Telefon: 691 478 530

Zu Holzem gëtt zënter e Freideg nom Milly gesicht, enger klenger, renger, gro-getigerter Kaz vun ongeféier 2 Joer. Um Kapp huet si e brongelzege Fleck. Telefon: 621 270 523



Zougelaf ass eng kleng, heemlech, brong-wäiss Kaz zu Uerschdref. Opfälleg ass hir wäiss Broscht an hir réng Schnuff. Telefon: 621 506 821



Den Déiereschutz Norden huet eng Perserkaz gemellt, déi den 31. Juli am Bësch tëscht Housen an Eeselbur fonnt ginn ass; an och eng Deckelsmouk, déi e Freideg am Feld zu Hëpperdang souz. Telefon: 95 75 36