Déiererubrik

Déiererubrik vum 23sten August um 10h00

23.08.2018 - 10:00

Zu Hënsdrëf gëtt e schwaarze Kueder vermësst an zu Déifferdeng huet sech eng rout-orange Kaz duerch d'Bascht gemaach.


Den Dusty ass e schwaarze laanghäerege Kueder vun 3 Joer den zu Hënsdref ugedréckt ass. Säi Pelz huet e bronge Schimmer, an en huet e wäisse Fleck um Hals. Hien ass net frou mat frieme Leit an ass zimlech fäertereg. Telefon 661 411 700


An der Rue de Hussigny zu Déifferdeng huet sech eng rout-orange Kaz duerch d'Bascht gemaach. Si lauschtert op den Numm Namika, ass éischter fäertereg an huet e rouden elastesche Collier mat engem Häerz drun un. Telefon 691 62 45 40