Déiererubrik

Déiererubrik vun 10.00 Auer

27.08.2018 - 10:00

Beim Biodiversum zu Rëmerschen ass eng kleng Schildpattkaz fonnt ginn. Telefon: 621 830 494

E Samschdeg ass am Zentrum vu Kielen eng ganz heemlech, rout Kaz vun ongeféier 6 Méint fonnt ginn. Hire Bauch an hir Patte si wäiss. Telefon: 621 464 810

Eng fäertereg, jonk, rout Kaz ass zu Bäreldeng fonnt ginn. Telefon: 691 145 670



Zu Miersch ass e ganz zoutraulechen, jonke Siamkueder zougelaf. Telefon: 621 239 049

Dann huet den Déiereschutz Norden e Genre Yorkshire Terrier, e Ritt, gemellt, dee gëschter zu Eschweiler fonnt ginn ass. Telefon: 95 75 36