Déiererubrik

Déiererubrik vum 29sten August um 16h00

29.08.2018 - 16:00

Zu Steesel gëtt eng Deckelsmouk vermësst, zu Recken op der Mess ass de Kueder Hiro ugedréckt an zu Nidderkuer ass eng getigert Kaz zougelaf.

De leschten Donneschdeg ass zu Nidderkuer eng getigert Kaz zougelaf. De Puss huet eng wäiss Broscht. Telefon 621 402 415

Zënter dem 27sten August gëtt zu Recken op der Mess de Kueder Hiro vermësst. Hien ass éischter gouereg, säi Pelz ass wäiss mat e bësse rout. Den Hiro ass e ganz virwëtzegen, e kéint an eng Garage oder e Gardenhaische eragelaf sinn. Telefon 621 71 00 81


Zu Steesel gëtt zënter dem leschte Sonndeg eng Deckelsmouk vermësst déi op den Numm Caroline lauschtert. D’Déier ass wahrscheinlech blesséiert. Telefon: 621 55 45 39