Déiererubrik

Déiererubrik vum 5te September um 16h00

05.09.2018 - 16:00

Zu Stroossen huet sech eng gro-getigert Kaz duerch d'Bascht gemaach.

An der Rue des Anémones zu Stroossen gëtt nom Lolita gesicht, enger gro-getigerter Kaz vun 9 Joer. De Puss huet eng wäiss Broscht a wäiss Patten, an ass éischter mokeleg. Bei frieme Leit fäert d'Lolita a léisst sech och net upaken. Telefon 621 413 692