Déiererubrik

Déiererrubrik vum 10te September um 16h00

10.09.2018 - 16:00

Dës Kaz gëtt zu Bouneweg um Kaltreis vermësst.
Zu Bouneweg um Kaltreis gëtt no enger norwegescher Bëschkaz gesicht. D' Mia ass brong-schwaarz getigert, e bësse méi grouss wéi eng normal Kaz a ganz zoutraulech. Telefon 621 52 48 45

Zu Aangelsbierg gëtt zanter e Samschdeg de Fluffy vermësst. Eng getiigerecht Kaz mat wäisser Broscht a wäisse Patten, huet e bronge Fleck op der rietser Säit vun der Schnuff. Telefon 621 751 964