Déiererubrik

Déiererubrik vun 10.00 Auer

11.09.2018 - 10:00

© Findus
Nom Findus, engem heemleche, siwe Joer ale, rout-wäisse Kueder, gëtt zënter e Sonndeg um Gréiweknapp gesicht. De Kapp, de Réck an de Schwanz si rout, de Recht ass wäiss. Telefon: 621 785 255

E grousse, schwaarz-bronge Baaschtert, e Ritt, gëtt zënter dem 8. September zu Chrëschtnech vermësst. De Mupp ass annerhalleft Joer al a säi rietst Ouer leit ëmmer. Den Charly ass e Mix aus Border Collie a Schéiferhond, bei frieme Leit ass hien éischter mësstrauesch. Telefon: 661 771 035