Déiererubrik

Déiererubrik vum 13te September um 13h00

13.09.2018 - 13:00

Zu Maarnech huet sech e Kueder duerch d'Bascht gemaach an zu Bissen ass eng Zwergkanengchen zougelaf.

Zu Maarnech gëtt e roude Kueder vermësst. Hien huet laang Buuschten an ass ganz zoutraulech. Telefon 90 80 05

An der Rue Michel Stoffel zu Bissen ass eng gro mat wäiss Zwergkanéngche fonnt ginn. Update: D'Kanéngchen ass erëm doheem.