Déiererubrik

Déiererubrik vum 5ten Oktober um 10h00

05.10.2018 - 10:00

© Mucki
Zu Kayl ass zënter e Sonndeg den Owend de Mucki, e kastréierte, gro-brong getigerte, Kueder net méi heem komm. Opfälleg ass seng méi platt Nues. Telefon: 621 25 26 32

Den Déiereschutz Norden mellt eng jonk getigert Kaz déi en Dënschdeg an der Groussgaass zu Wolz zougelaf ass. Telefon 95 75 36

D'Lisi, eng gro-wäiss Kaz, vun 2 Joer gëtt zënter e Méindeg zu Diddeleng-Bireng vermësst. Si huet eng wäiss Schnuff an e groe Punkt op der rietser Säit vun der Nues. Telefon: 621 753 991