Déiererubrik

Déiererubrik

07.10.2018 - 13:05

Déiererubrik vum Sonndeg, 7. Oktober
Gëschter Owend ass zu Bartreng am Park eng Perruche fonnt ginn. Nach e jonkt Déier, mat gréngem Bauch a gielen Tëppelen um Kapp.
Telefon: 661 226 535


De Kueder Tun gëtt zanter dem 02.10.18 vermësst. En ass wäiss beige mat grousse brong  Flecken an huet ganz hell blo Aen. Gechipt ass hien och (vun TASSO).
Telefon: 691 632 593  /  661 197 499


Zu Stroossen op der Arelerstrooss um Parking vum Adler ass e Freideg een ongeféier 3 Méint ale Kueder fonnt ginn. En ass ganz heemlech an net gechipt.
Telefon: 691 874 401


Zu Bartreng ass eng Kaz net méi heemkomm. Zanter enger Woch gëtt si vermësst. Et ass eng 10 Joer al, ganz schwaarz operéiert Mudder. D'Kaz ass och gechipt.
Telefon: 661 720 417