Déiererubrik

Déiererubrik vun 10.00 Auer

16.10.2018 - 10:03

Gëschter Moien huet sech zu Nacher um Pad eng jonk schwaarz Kaz vun ongeféier engem Joer aus dem Stëbs gemaach. Si huet e wäisse Fleck um Hals. Telefon: 691 899 318

De Freak, e ganz léiwen, awer fäerterege, schwaarze Kueder mat enger wäisser Schnuff a wäisse Patten, gëtt zënter e Samschdeg de Moien zu Mënjecker vermësst. Telefon: 661 200 382



Um Féischterhaff zu Buerschent sinn op der Juegd zwou Braquen ugedréckt. Allebéid sinn et Mudderen an si hunn och Allenzwee e roude Collier un : deen een ass d'Äila, e schwaarzen Hond mat engem wäissen Hals. Deen aneren ass d'Luna, hellbeigen Hond mat brong gesprënselt. Telefon: 621 62 70 12