Déiererubrik

Déiererubrik vun 10.00 Auer

29.10.2018 - 10:03

© Pino
De Pino, e laanghärege, roude Kueder huet sech zu Schweebech aus dem Stëbs gemaach. Telefon: 691 639 609

Zu Heeschdref gëtt en heemleche, grousse, schwaarze Kueder vun annerhallwem  Joer vermësst. Hien huet e wäisse Fleck um Hals. Telefon: 621 155 196

Am Schoulwee zu Kielen ass eng kleng, rout-wäiss Kaz zougelaf. Si huet e wäisse Collier un mat roude Stären drop. Telefon: 621 758 732