Déiererubrik

Déiererubrik vum 29.10.2018

29.10.2018 - 16:03

Eng Main Coon gëtt zu Téiteng vermësst. De Moien ass si nach ëm 7 Auer erausgaangen a koum bis elo net erëm. Der Kaz hire Pelz ass däischter brong mat gro. An de Puss lauschtert op den Numm Tommy.
Et gëtt gefaart, dass d'Kaz an e Keller gelaf ass.
Telefon 621 246 209

Dann ass och den Chico fortgelaf, an der rue Neuve zu Péiteng, dëst den 13. Oktober. De Puss huet 8 Joer, ass e Siamesesche Mix a gro getigrecht mat wäisse Flecken. Hien huet e schwaarze Collier un an et ass eng Kaz, déi fäert an net bei d'Leit geet. Fir weider Detailer mellt Iech um 661 28 13 26


Zu Iechternach an der rue de la Chapelle gëtt zanter 3 Wochen d'Betty vermësst. Dëst ass eng schwaarz Kaz mat giele groussen Aen. Si ass ganz heemlech an huet en Chip mat der Nummer 972 270 000  293 877. Et gëtt ugeholl dass si an enger Garage oder engem Keller agespaart ass.Telefon 661 251562 oder 729101