Déiererubrik

Déiererubrik vun 10.00 Auer

31.10.2018 - 10:03

2 Muppe gi vermësst: Zu Stroossen ass et e Chihuahua an zu Biekerech e Labradoodle Gëschter Nomëtteg huet sech de Pipo an der rue de la Victoire zu Stroossen duerch d'Kazeklapp aus dem Stëbs gemaach. De Pipo ass e klenge schwaarzen Chihuahua mat e bësse brong. Hien ass eréischt zënter enger Woch hei zu Lëtzebuerg an huet en Chip vu Malta. Telefon:  621 132 165

Um Kuelebierg zu Biekerech huet sech gëschter Moien e grousse bronge Labradoodle duerch d'Bascht gemaach, dat ass e Mix aus Labrador a Puddel. Et ass e Ritt den op den Numm Sizzles lauschtert, hien ass ganz frëndlech an zoutraulech. De Mupp ass haut de Moien nach eng Kéier an der Géigend vun Hitten gesi ginn. Update: De Sizzles ass nees doheem!