Déiererubrik

Déiererubrik

01.11.2018 - 10:03

Zanter gëschter Owend 7 Auer gëtt zu Téiteng een Amazonenpapagei vermësst. D’Déierchen ass gréng an huet ee giele Kapp. Et ass ganz zahm. Wien de Papagei gesäit, ka sech op der Nummer 691 83 78 48 oder op der Emailadresse mellen.

Zu Déifferdeng gëtt ee klenge Mupp vermësst. D’Déier ass an der Montée du Wangert fortgelaaf an hat do nach seng Lenkt un. De Mupp lauschtert op de Numm Caramel ass  ganz hell Beige an e ganz schéie Mupp a sicht net de Kontakt zum Mënsch. GSM: 621 23  49 77 oder Email morganemorgane@live.com.

Zu Assel bei Bous ass eng Kaz zougelaf, si huet een däischtert Gesiicht an een helle Kierper, ass ganz verschmuust an heemlech. Si huet een rosa Halsband mat enger Schell a Strass drun un. GSM: 621 28 16 11.