Déiererubrik

Déiererubrik vun 10.00 Auer

03.12.2018 - 10:03

© Ruby
Um Houwald gëtt nom Ruby gesicht. Hei handelt et sech em e schwaarzen Zwergschnauzer vu 7 Joer. Säi Schwanz ass gekrëmmt an d'Schwanzspëtzt leit um Réck. Hien huet e roude Collier un, wou eng rosa Liichtchen drun ass. Telefon: 621 16 10 26

E gro-getigerte Kueder mat gréngen Aen ass virun iwwer annerhallwem Mount fir d'leschte Kéier zu Fluessweller gesi ginn. Telefon: 661 130 050



De Roméo, e fäerterege, gro-getigerte Kueder, huet sech zu Wolz aus dem Stëbs gemaach. Den Ament ass hie krank an hie brauch dréngend seng Medikamenter. Et steet nach net fest op et ustiechend ass oder net. Telefon:  691 67 99 88



D'ALPA huet e laanghärege, gro-getigerte Kueder gemellt, deen zënter dem leschten Dënschdeg zu Eeselbur vermësst gëtt. Telefon: 691 92 30 92