Déiererubrik vum 10te Januar um 16h00
10.01.2019 - 16:03

Den Diddelenger Déierenasyl mellt zwou Kazen: eng kleng wäiss-gro getigert Kaz vu 4 bis 5 Méint mat engem schwaarze Fléicollier, si gouf den 23sten Dezember zu Peppeng fonnt. An e getigerte Kueder vu 5 Méint, den en donkelgrénge Fléicollier unhat. Hie gouf de 27sten Dezember an der Rue de Hamm an der Stad fonnt. Telefon 288 00 244


