Déiererubrik

Déiererubrik vum 8te Februar um 10h00

08.02.2019 - 10:03

Zu Senneng war e wäisse Mupp fortgelaf (nees doheem) an um Houwald huet sech eng schwaarz Kaz duerch d'Bascht gemaach. Zu Senneng am Bësch, net wäit ewech vum Cargo Center, ass gëschter am Nomëtteg e klenge wäisse Mupp fortgelaf. Et ass eng Mudder, déi op den Numm Tuxa lauschtert, si huet e beige Kierpercollier un, an e gro mat grénge Pullover. Update: D'Tuxa ass nees doheem!

Zënter gëschter mëtten gëtt um Houwald d'Lena vermësst, eng schwaarz Kaz mat gielen Aen. D'Lena léisst sech net vu frieme Leit upaken. Telefon 691 19 83 38