Invité vun der Redaktioun (10. Abrëll)De Gérard Anzia iwwert d’Reform vum Waassergesetz

Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie géint 10 op 8 war de gréngen Deputéierten Gerard Anzia.

De käschtendeckende Waasserpräis, Drénkwaasserschutzgebidder an d'Renaturéierungen sinn 3 wichteg Elementer, wann et ëm d'Reform vum Waassergesetz geet. Doriwwer hu mer dofir och - am RTL Moiesinterview - mam gréngen Deputéierten Gérard Anzia geschwat, dem Rapporter vum Gesetzprojet.

D'Baueren hu virop kritiséiert, datt duerch d'Renaturéierungen Agrarflächen ewechfalen, eng Meenung, déi de Gérard Anzia net onbedéngt deelt.

Neit Waassergesetz / Reportage: Dany Rasqué


Zum Deel falen Agrarflächen ewech, seet de Rapporter vum Gesetzprojet, zum Deel misste se awer och just anescht genotzt ginn. Eng Notzung géif méiglech bleiwen an esou laang eng Notzung géif méiglech bleiwen, misst een och net direkt deen Terrain kafen. Et kéint awer sinn, datt een en Deel vun de Parzellen, déi ganz staark betraff sinn, z'entlounen. Wäertvoll Naturschutzfläche kéint een och opkafen. De Gros kéint een awer anescht notzen an deemno kéint ee se an der Proprietéit vun de Baueren der de Privatleit loossen.

En anert Element aus der Reform vum Waassergesetz, dat d'Bauere betrëfft, ass den Drénkwaasserschutz.
Och an den Drénkwaasserschutzzonen ass Landwirtschaft weider méiglech, betount den Deputéierten vun déi Gréng, allerdéngs missten déi Terrainen anescht bewirtschaft ginn, wéi bis elo. De Gérard Anzia weist drop hin, datt dat neit Waassergesetz d'Méiglechkeet gëtt fir iwwert e Fong, Suen ze mobiliséieren, fir ze kucken, wéi déi Flächen an Zukunft kënne genotzt ginn.

D'Buergermeeschteren uechter d'Land verbrenne sech - elo virun de Wahlen - sécher net gären d'Fanger un der Applikatioun vun engem käschtendeckende Waasserpräis, dee Schratt muss een awer goen, seet de Gérard Anzia an ënnersträicht, datt de Waasserpräis net den Haaptproblem vun de Menagen ass. Och wa vill vum Präis géif geschwat ginn, sou misst d'Qualitéit engem vill méi um Häerz leien.

En Eenheetswaasserpräis, esou wéi d'CSV en zum Deel fuerdert, gëtt et mat Blo-rout-gréng net, betount nach de Gérard Anzia.

Invité vun der Redaktioun: Gérard Anzia (10. Abrëll)

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

--> Vun dësem "Invité vun der Redaktioun" gëtt et ausnamsweis kee Video - well mir an en neit Gebai geplënnert sinn an net alles matenee maache konnten. Mir bieden, dat ze entschëllegen, a soe Merci fir Äert Versteesdemech.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.