Invité vun der Redaktioun (11. Abrëll)Mylène Bianchy: Genee Ëmstänn vum Zuchaccident net gekläert

Invitée vun der Redaktioun en Dënschden de Moie géint 10 op 8 war d'Mylène Bianchy, d’Presidentin vu Syprolux.

Nom preliminaire Rapport vum Parquet iwwert d'Zuchaccident hanner Beetebuerg viru bal zwee Méint ass et roueg ginn. An deem Rapport war den Expert jo zur Konklusioun komm, datt den déidlechen Tëschefall souwuel op e mënschleche wéi en technesche Problem zeréckzeféieren ass. Déi genee Ëmstänn vum Accident awer sinn nach net genee gekläert. Ma zanter der Publikatioun vum Tëscherapport si keng nei Informatiounen erauskomm, wat de 14. Februar genee geschitt ass.

D'Eisebunnsgewerkschaft Syprolux waart relativ ongedëlleg drop, fir méi gewuer ze ginn. Dat sot d'Presidentin vun der Gewerkschaft en Dënschden de Moien am RTL-Interview. D'Mylène Bianchy huet wuel Versteesdemech, datt d'Autoritéiten Zäit brauchen, ma et wier elo gutt, datt ee mam Accident ofschléisse kéint. Anescht wéi déi franséisch Syndikalisten, setzt de Syprolux awer fir d'éischt op Dialog amplaz op Konfrontatioun.

Mylène Bianchy - Syprolux (11. Abrëll)


Nom Accident bei Diddeleng viru ronn 2 Méint haten déi franséisch Gewerkschafte jo derzou opgeruff, fir de Lëtzebuerger Reseau ze boykottéieren. D’Mylène Bianchi hat fir dës Attitude wéineg Versteesdemech. D'Fransouse missten den zéngdausende Leit, déi all Dag mam Zuch iwwer d'Grenz kommen, éischter Ried an Äntwert stoe wéi d'Lëtzebuerger Eisebunner. A Frankräich géif donieft och eng ganz aner Gewerkschaftsphilosophie herrschen, déi jo ëmmer vill méi séier op de Barrikade wäre wéi mir Lëtzebuerger.

Et hätt ee Kontakt mat der franséischer Gewerkschaft UNSA gehat. Hir Philosophie hätt een awer net esou richteg verstanen. Bei esou engem Tëschefall misst een zesummestoen, sou d'Mylène Bianchy. Dat wär ee Virdeel vum Syprolux, well dëst eng reng Eisebunnsgewerkschaft wär, déi och den Daily Business kennt. Et wier besser gewiescht hannert zoueneen Dieren ze streiden.

Et wier kee Grond ginn, datt d'Zich wéinst de Sécherheetsbedenken net méi op Lëtzebuerg géifen fueren. D’CFL hätten nämlech näischt ze verstoppe gehat, well se net méi Informatiounen haten, ewéi de Parquet

Vu Lëtzebuerger Säit aus, haten d’Gewerkschafte Landesverband a Syprolux dann och eng intern Enquête bei der CFL gefrot. Et kéint een awer eréischt richteg ufänken, wann een déi definitiv Elementer vum Parquet hätt, sou d'Presidentin vum Syprolux.

Invité vun der Redaktioun: Mylène Bianchy (11. Abrëll)

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

--> Vun dësem "Invité vun der Redaktioun" gëtt et ausnamsweis kee Video - well mir an en neit Gebai geplënnert sinn an net alles matenee maache konnten. Mir bieden, dat ze entschëllegen, a soe Merci fir Äert Versteesdemech.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.