Invité vun der Redaktioun (13. Abrëll)Maggy Nagel, Kommissärin vun der Expo 2020

Invitée vun der Redaktioun en Donneschden de Moie géint 10 op 8 war d'Maggy Nagel, Kommissärin vun der Expo 2020.

D’lescht Woch gouf de Lëtzebuerger Pavillon fir d’Weltausstellung 2020 zu Dubai virgestallt.

En Donneschden de Moie war déi zoustänneg Kommissärin Maggy Nagel Invitée vun der Redaktioun.

No der Lëtzebuerger Absence zu Mailand 2015 soll d'Land sech elo 2020 an de Vereenegten Arabeschen Emirate presentéieren. D'Zil wier et, fir zu Dubai déi Lëtzebuerger Geschicht ze erzielen, esou d'Maggy Nagel.

De Pavillon soll vun der Architektur hier en Eye-Catcher sinn an awer eng Symbios mat der Geschicht, déi dobannen erzielt gëtt entstoen. Déi Geschicht, déi op e jonke Publik zielt, soll dofir suergen, datt d'Leit de Pavillon besiche wëllen.

Extrait Maggy Nagel (1)



Ënnert anerem mam Space-Mining wëll de Grand-Duché Punkte sammelen. Dofir war d'Maggy Nagel sech hir Partner och an dee Beräich sichen, dorënner d'SES an d'Post. ET wëll een deene Leit aus deene Länner déi Iddie méi no bréngen awer och esou Lëtzebuerg op eng Landkaart bréngen.

Extrait Maggy Nagel (2)



D'Maggy Nagel huet 3 Leit un hirer Säit déi bei der Organisatioun hëllefen.
Si géing et genéissen, nach am kulturelle Beräich däerfen ze schaffen, esou déi fréier Kultur- a Logementsministesch. Op d'Fro, ob si hire fréieren Job géing vermësse sot si, hir géinge virun allem d'Mataarbechter feelen.

Invité vun der Redaktioun: Maggy Nagel (13. Abrëll)

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

--> Vun dësem "Invité vun der Redaktioun" gëtt et ausnamsweis kee Video - well mir an en neit Gebai geplënnert sinn an net alles matenee maache konnten. Mir bieden, dat ze entschëllegen, a soe Merci fir Äert Versteesdemech.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.