Invité vun der Redaktioun (29. Mee)Marc Pannacci, Direkter vum CFC
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8 war den Direkter vum "Centre de formation pour conducteurs", deen hie mat opgebaut huet.
Invité vun der Redaktioun: Marc Panacci (29. Mee) (29.05.2017)
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8 war den Direkter vum "Centre de formation pour conducteurs", deen hie mat opgebaut huet.Gutt 20 Joer war de Marc Pannacci Direkter vum "Centre de formation pour conducteurs" zu Colmar Bierg. Elo geet hien a Pensioun. Am RTL-Interview huet de Marc Pannacci erkläert, datt déi Jonk haut besser oppassen, sech besser op d'Autofueren preparéieren an datt den Auto bei hinne keng sou eng grouss Roll méi spillt.
Duerch dës Astellung, méi sécher Autoen an déi méi streng Gesetzer hätt een d'Zuel vun de Verkéiersdoudege bis op 32 gedréckt. 1970 waren et der nach 132. Och d'Radare begréisst de Marc Pannacci, se géifen d'Chaufferen drun erënneren, fir lues ze maachen.
Den 10. Juni geet de Marc Pannacci an d'Pensioun. De „Centre de Formation pour conducteurs“ wäert awer och duerno nach genuch Aarbecht an Erausfuerderungen hunn, wéi zum Beispill dat autonoomt Fueren.
Invité vun der Redaktioun: Marc Panacci (29. Mee) |
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.