Invité vun der Redaktioun (30. Mee)Sheila Becker iwwer Cyber-Defense bei der Arméi
D'Invitée vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war d'Sheila Becker, Responsabel fir Cyber-Sécherheet bei der Lëtzebuerger Arméi.
Invité vun der Redaktioun: Sheila Becker (30. Mee) (30.05.2017)
D'Invitée vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war d'Sheila Becker, Responsabel fir Cyber-Sécherheet bei der Lëtzebuerger Arméi.Zanter Februar zejoert huet d' Lëtzebuerger Arméi e Service, dee fir d'Cyberdefense zoustänneg ass. Responsabel ass d'Sheila Becker. D'Invitée vun der Redaktioun huet ënnerstrach, datt hir Aarbecht awer net dorausser besteet, konstant hannert dem Computer ze setzen an aner Reseauen ze hacken, mee et ass éischter eng konzeptuell Schaff.
Wëll heeschen, et gi Pläng ausgeschafft wéi een, an enker Zesummenaarbecht mat den aneren Informatiks-Entitéiten vum Lëtzebuerg Staat, méi fir d'digital Sécherheet vum Land ka maachen.
Do dernieft ass d' Sensibiliséiere vun den Zaldoten e Schwéierpunkt. Zum Beispill datt si keng sensibel Informatiounen an de sozialen Netzwierker verroden.
Wat hir perséinlech Carrière ugeet, do huet d'Sheila Becker, eng studéiert Informatikerin, erkläert, datt si sech schonn ëmmer fir de Sujet Sécherheet interesséiert huet, an esou de Wee bei d'Arméi fonnt huet.
Invité vun der Redaktioun: Sheila Becker (30. Mee) |
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.