Invité vun der Redaktioun (1. Juni)François Koepp vun der Horesca iwwert 11 Joer Fëmmverbuet

Den Invité vun der Redaktioun en Donneschden um 10 op 8 war de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca.

2006 koum de Verbuet fir a Restauranten ze fëmmen, 2014 an de Caféen.

An deen huet dem Secteur besonnesch wéi gedoen, sou den François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca, der Federatioun Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren.

Et wier eng Baisse vun 20% bei de Vente festgestallt ginn zanterhier. Déi awer sécherlech och mat de méi strengen Alkohol-Gesetzer a Kontrollen am Stroosseverkéier ze dinn huet.

D'Méiglechkeet fir Fumoiren an de Caféen anzeriichten, gouf kaum genotzt, well dat net bei all Gebai geet, a well et ze deier ass.

An och fir bausse speziell Plaze fir d'Fëmmerten anzeriichten ass schwéier wéinst strenge Reglementatiounen, sou den François Koepp weider, deen ënnersträicht, datt hien net den gesondheetleche Volet vum Fëmme kommentéiert, mee deen economeschen.

Fir hie wier eng Alternativ zum Fëmmverbuet gewiescht, datt ee Client a Wiert de Choix léisst.


Invité vun der Redaktioun: François Koepp (1. Juni)



En Donneschde stëmmt d'Chamber iwwert en neit Antitubaksgesetz of. Zil dovunner ass d'Lutte géint d'Fëmmen ze verstäerken, fir d'Net-Fëmmerten a virun allem d'Mineuren ze protegéieren.

Sou soll et an Zukunft verbuede sinn op Spillplazen, ëffentleche Sportsterrainen, wann do Jugendlecher vun ënner 16 Joer trainéieren, souwéi a Privatautoen, wa Kanner ënner 12 Joer matfueren, ze fëmmen.

De Mindestalter fir de Kaf vun Tubaksproduiten soll donieft vu 16 op 18 Joer erhéicht ginn.

Et ass och virgesinn, dass d'E-Zigaretten an Zukunft ënnert dat selwecht Gesetz falen, wéi déi konventionell Zigaretten.

Aus technesche Grënn, kënne mir Iech leider kee Video zu dëser Emissioun weisen.
Mir entschëllegen eis dofir!

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.