Invité vun der Redaktioun (6. Juni)Nicolas Henckes, neien Direkter vun der CLC
Den Invité vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war den Nicolas Henckes, neien Direkter vun der Handelskonfederatioun.
Invité vun der Redaktioun: Nicolas Henckes (6. Juni) (06.06.2017)
Den Invité vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war den Nicolas Henckes, neien Direkter vun der Handelskonfederatioun.Den neien Direkter vun der Handelsconfederatioun gesäit d'Zukunft vum Commerce zu Lëtzebuerg „ganz gutt“: Dat sot den Nicolas Henckes en Dënschden de Moien allzäit als Invité vun der Redaktioun. Seng Prioritéite wären, fir d'CLC an d'digital Welt ze féieren a fir d'Servicer an d'Kommunikatioun auszebauen. Un den neie Mann un der Spëtzt vun der Confédération du Commerce war et d'Fro, firwat et am Grand-Duché dann Defiziter gëtt am e-Commerce. De Besoin wär bis elo net do gewiescht, ma elo géif een d'Konkurrenz gesinn, déi aus alle Richtunge kéim. Besonnesch déi kleng Betriber missten elo reagéieren.
Nicolas Henckes: Kleng Betriben mussen elo reagéieren |
Riskéieren déi Patronen dann éieren ze verschwannen, déi bei der digitaler Revolutioun net matmaachen? Dem Nicolas Henckes no kéint et schwéier fir Patronen ginn, déi einfach esou weider maachen, wéi si dat gewinnt waren. Op kuerz Dauer wär dat méiglech, ma et wär een awer gutt beroden, sech ëmzestellen.
D'CLC kéint déi Betraffen iwwer Formatiounen a Konferenzen sensibiliséieren op déi nei Méiglechkeeten, déi existéieren. Dat wär net esou schéier, wéi et dacks géif ugeholl ginn. Et misst ee just wëssen, wéi ee sech richteg uleet.
Nicolas Henckes: Ëmstellung manner schwéier wéi geduecht |
Den CLC-Direkter gesäit den Haaptproblem vum Eenzelhandel an de Stied virun allem am manner grousse Passage do. Allerdéngs misste modern Betriber och op de Client duergoen a Konkurrenz aushalen, sou den Nicolas Henckes, fir dee sech Entreprisen, déi a Schwieregkeete sinn, bei der Handelsconfederatioun melle sollen. Et sollt een awer net alles schwaarz gesinn: Sou géifen zum Beispill aus Tankstellen, déi kleng Supermarchéë ginn, déi eng Zäit verschwonne waren; et wär deemno Plaz fir déi Grouss a fir déi Kleng!
Invité vun der Redaktioun: Nicolas Henckes (6. Juni) |
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.