Invité vun der Redaktioun (8. Juni)Dokter Claude Braun, President vun der asbl Lux-Transplant

Den Invité vun der Redaktioun en Donneschden um 10 op 8 war den Dokter Claude Braun, de President vun der asbl Lux-Transplant.

Invité vun der Redaktioun: Dr Claude Braun (8. Juni 2017) (08.06.2017)
Den Invité vun der Redaktioun en Donneschden um 10 op 8 war den Dokter Claude Braun, de President vun der asbl Lux-Transplant.
D'Asbl Luxtransplant waart gespaant op en neie règlement grand-ducal, deen aus dem Presidenteposte vun der Associatioun en offiziellt Mandat maache géif. Schonn zanter zwee Joer wär den Text fäerdeg, sot de President vu Luxtransplant, den Dr. Claude Braun en Donneschden de Moien am RTL-Interview. Prinzipiell wär ee sech och mat de politeschen Autoritéiten eens. Nawell wär de Reglement nach net a Kraaft.

Mam neie Reglement hätt Luxtransplant Accès op wichteg Statistiken. Den Ament misst een deemno nach estiméieren, wéi vill Leit hei zu Lëtzebuerg op en Organ waarden. Dat wären der ongeféier 60. Dëst Joer si bis ewell bei 5 Verstuerwenen Organer erausgeholl ginn. Eng kleng Zuel, seet den Dr. Claude Braun. Dacks wären d'Leit net genuch iwwer d'Organspend informéiert, dat wär leider d'Erfahrung, déi d'Koordinateuren an d'Dokteren an de Klinike géife maachen. Dacks wären et och onerwaarte Situatioune fir d'Famillen, wéi Krankheeten oder Accidenter an da missten esou schwéier Decisioune bannent kuerzer Zäit geholl ginn. Wa virdru keng Kommunikatioun op deem Gebitt gewiescht wär, géifen déi Hannerbliwwe sech dacks géint eng Organspend decidéieren.

Et gëtt awer och e positiivt Beispill: d'Transplantatioune vun der Hornhaut géife ganz dacks an erfollegräich duerchgefouert ginn. Lëtzebuerg schafft do mat der Uniklinik Homburg zesummen. Am Prinzip kéim d'Hornhaut vun all Verstuerwenem heifir a Fro.

Invité vun der Redaktioun: Dr Claude Braun (8. Juni 2017)



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.