Invité vun der Redaktioun (13. Juni)Romain Schneider iwwer e méigleche Streik am Spidolssecteur

Den Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de Sozialminister Romain Schneider.

Invité vun der Redaktioun: Romain Schneider (13. Juni) (13.06.2017)
Den Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war de Sozialminister Romain Schneider.

Am Spidolsecteur kéint gestreikt ginn. Den OGBL dreet mat engem Streik, mécht eng Urofstëmmung. Den LCGB decidéiert e Mëttwoch. D'Patronatssäit, d'Federatioun vun de Spideeler, seet, et wéilt een opwäerten an a wichtege Punkte wier ee sech eens.

E Méinde souze béid Säiten awer nees beieneen an hu laang verhandelt. E gutt Zeechen, fënnt de Sozialminister Romain Schneider; hie war en Dënschden de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Et wär ganz wichteg, datt d'Partner géifen probéieren zesummen eng Léisung ze fannen. De Minister begréisst och, datt no der Zäit, wou et dono ausgesinn hat, wéi wa keen Accord kéint fonnt ginn, d'Leit sech awer nees zesummegesat hätten.

Romain Schneider


De Minister, respektiv d'Regierung sëtzt bei de Verhandlungen net mat um Dësch a mëscht sech net an d'Tarifverhandlungen an.

De Romain Schneider begréisst, datt ee sech iwwert d'Haaptfuerderung – d'Opwäertung vun de Carrièren – eens ass. Déi aner Punkte kéint een nach duerno diskutéieren a Léisunge fannen, sou de Sozialminister.

Déi Lëtzebuerger Pensioune si bis no 2040 ofgeséchert
Sou laang ginn d'Reserven duer. D'CSV warnt jo, datt de Lëtzebuerger Pensiounssystem a Gefor wier. Mir waarden op hir Proposen, sou de Minister. D'Reform vun 2012, wou d'CSV jo mat der Verantwortung war, dréit hir Friichten, seet de Romain Schneider. Den Ament ginn et Reserve vun 18 Milliarden Euro. Keen anert Land an Europa hätt esou eng Situatioun. Däitschland zum Beispill huet Reserve vu manner wéi 3 Wochen. Den Âge effectif soll méi no bei den Âge légal bruecht ginn. Dorunner schaffe mer weider, well och dat hëlleft Ausgaben ze spueren. Den Ament läit den Duerchschnëttsalter, wou d'Leit effektiv an d'Pensioun gi bei 59. Dee soll méi no bei 65 Joer bruecht ginn. D'Analyse, déi an der Reform no 5 Joer virgesi war, gouf da virgezunn. Bis Enn des Joers presentéiert en Aarbechtsgrupp Recommandatiounen. Et géif jiddefalls net drëms goen, d'Pensiounen ze kierzen, betount de Minister Romain Schneider.

Invité vun der Redaktioun: Romain Schneider (13. Juni)


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.