Invité vun der Redaktioun (28. Juni)Blanche Weber iwwer eng nohalteg Gemengepolitik

D'Invitée vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war d'Presidentin vum Mouvement Ecologique.

Invité vun der Redaktioun: Blanche Weber (28.06.2017)
D'Invitée vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war d'Presidentin vum Mouvement Ecologique.

Et ass schonn eng kleng Traditioun. Am Virfeld vun de Kommunalwahle presentéiert de Mouvement Ecologique seng Iddien fir d'nohalteg Entwécklung vun de Gemengen. Dat well d'Gemengen eng ganz wichteg Roll an deem Beräich spillen, sou d'Blanche Weber vum Mouveco e Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview, och wann et d'Regierung ass, déi op nationalem Plang e Kader muss setzen. Ma et sinn awer d’Gemengen, déi dee Kader, vun ënnen erop, zesumme mat hire Bierger mat Liewe fëllen.  

Nieft der nohalteger Entwécklung a Biergerbedeelegung misst eng zukunftsfäeg Gemeng och op nei economesch Modeller an nei Liewensmodeller setzen. Sou d'Blanche Weber, déi och ënnersträicht, datt de Mouvement Ecologique politesch neutral ass an dowéinst och keng Wahlrecommandatioune mécht.

Invité vun der Redaktioun: Blanche Weber

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.