Invité vun der Redaktioun (14. September)Charel Goerens: Lescht Chance e Coup no vir ze maachen

Den DP-Vertrieder am Europaparlament war eisen Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg um 10 op 8.

Et ass déi bedeitendst Ried, déi de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker jee gehalen huet a wahrscheinlech wuel déi allerleschte Chance, fir e grousse Coup no vir ze maachen, esou huet den DP-Europadeputéierten Charel Goerens um Donneschdeg de Moie bei eis op der Antenne d'Ried zur Lag vun der Unioun am Europaparlament kommentéiert.  Dat wat gesot gouf, hätt misse gesot ginn.

De Jean-Claude Juncker hätt probéiert, aus enger Rei vun Opportunitéiten, Kapital ze schloen an op Basis dovunner konkret Propose gemaach.

Wéi erkläert sech de liberalen Europadeputéierten dann dem Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel seng dach kritesch onerwaart kritesch Reaktioun?

Extrait Charel Goerens



Et misst een dem Jean-Claude Juncker seng Ried och ganz lauschteren. De Kommissiounspresident hätt net gesot, Rumänien a Bulgarien misste vun haut op muer an d'Eurozon opgeholl ginn. Natierlech missten d'Konditiounen derfir erfëllt sinn.

Méi Retizenz hätt sech den DP-Europadeputéierte bei den Erweiderungsperspektive fir d'Balkanstaaten erwaart.
Déi 5 concernéierte Staate misste fir d'éischt all d'Konditioune fir de Bäitrëtt erfëllen a virun allem misst d'EU sech fir unzefänken nach weider verdéiwen a sech effikass Sanktiounsméiglechkeete ginn, fir Länner ze bestrofen, déi sech net un d'Regelen halen.

Invité vun der Redaktioun: Charel Goerens

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


--> Vun dësem "Invité vun der Redaktioun" gëtt et wéinst engem technesche Problem ausnamsweis kee Video. Mir bieden, dat ze entschëllegen, a soe Merci fir Äert Versteesdemech.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.