Invité vun der Redaktioun (16. November) - Dan KerschStaatsdéngscht méi op fir Auslänner a Reform vum Examen

Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, den Dan Kersch.

© RTL Archivbild

Et soll een d'Situatioun net dramatiséieren, mä effektiv gëtt et e Personalmanktem beim Staat, notamment an de Beräicher Educatioun, Steierverwaltung, an Informatik. Sou den Inneminister um Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview.

Den Dan Kersch denkt dowéinst driwwer no, de Staatsdéngscht méi grouss fir auslännesch Residenten opzemaachen. D'Lëtzebuerger Nationalitéit wier also keng esou wichteg Konditioun méi, d'Lëtzebuerger Sprooch awer schonn, sou de Minister.

Dernieft gëtt zesumme mat der CGFP un der Reform vum Staatsexame geschafft, well an deem ze vill Kandidaten duerchfalen. Et geet awer net drëms, den Exame méi einfach ze maachen, mä méi gezielt, déi Inhalter ofzefroen, déi beim Staat gebraucht ginn, an d'Kandidate besser ze preparéieren. Dës Reform wëll den Inneminister bis d'Fréijoer, respektiv Summer d'nächst Joer stoen hunn.

Invité vun der Redaktioun: Dan Kersch



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

--> Vun dësem "Invité vun der Redaktioun" gëtt et ausnamsweis kee Video. Mir bieden, dat ze entschëllegen, a soe Merci fir Äert Versteesdemech.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.