Invité vun der Redaktioun (22. Januar) - Etienne Schneider"Sozialistesch" Politik schwéier als Wirtschaftsminister

Invité e Méindeg ëm 10 op 8 war de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Invité vun der Redaktioun: Etienne Schneider (22.01.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Hie spiert keng negativ Grondstëmmung. An d'LSAP géif sech permanent nei adaptéieren, dat misst eng Partei maachen ... den Etienne Schneider, potentielle sozialistesche Spëtzekandidat a Wirtschaftsminister war um Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Hien huet déi zwee rezent LSAP-kritesch Bréiwer vu Parteimembere kommentéiert. Mat den Deputéierten, déi den 1. Bréif geschriwwen hunn, huet e geschwat. D'Kritik vum méi lénke Fligel fënnt bei him wéineg Versteesdemech.

Extrait Etienne Schneider (1)

Seng Partei hätt e gudde, soziale Bilan Opweises. Als Wirtschaftsminister wär et natierlech net einfach fir „sozialistesch genuch“ eriwwerzekommen.

Extrait Etienne Schneider (2)

Den Etienne Schneider kéint sech och en anere Ressort an enger neier Regierung virstellen, wéi dee vun der Wirtschaft.

Koalitiounsaussoen - ob ee wann et duer geet, nees zu 3 zesummegeet - wëll de Minister net maachen. Eise System wär en aneren.

Hien ass och nach emol op déi En-Marche-Iddi fir Lëtzebuerg agaangen. Hien huet preziséiert, datt en driwwer nogeduecht huet, mä d'Iddi net zréckbehalen huet.

Invité vun der Redaktioun: Etienne Schneider



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.