Invité vun der Redaktioun (24. Januar)Patrick Goldschmidt iwwer d'Mobilitéit an der Stad

Invité e Mëttwoch ëm 10 op 8 war den DP-Schäffen aus der Stad.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Goldschmidt (24.01.2018)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'DP souz déi lescht 12 Joer zesumme mat deene Gréngen an der Stad am Schäfferot. Et hätt een d'Politik zesumme gemaach, et kéint een also net soen, datt sech elo alles ännert. Den neie bloe Stater Verkéiersschäffe setzt op Kontinuitéit a wëll awer och eegen Akzenter setzen. De Patrick Goldschmidt war um Mëtwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun. An den nächsten zwee Joer wëll hien e Mobilitéitsplang stoen hunn, deen dat Ganzt kuckt. Et kéint een net soen et wier nëmmen den Tram, nëmmen de Vëlo oder nëmmen de Foussgänger. An der Stad Lëtzebuerg géifen iwwer 50% vun de Beweegunge mam Auto gemaach. De Busservice mécht iwwer 30% vun de Beweegungen aus. Iwwer 700'000 Leit fueren an der Woch mam städtesche Bus, wougéint awer just 3'000 Leit mam Vëlo fueren.

De Patrick Goldschmidt

Den Tram fiert elo zanter 6 Wochen, de Patrick Goldschmidt ass zefridden och wann um Kierchbierg den Ament d'Busser sech deels drécken. Déi städtesch Bussen hunn immense Retard duerch déi 50 RGTR-Bussen, déi méi um Boulevard Konrad Adenauer fueren. Do misst ee kucke fir Léisungen ze fannen.

De Patrick Goldschmidt

Et gëtt permanent gekuckt fir eppes ze verbesseren. Virum Summer, wann den Tram bis op d'Stäreplaz fiert, wäert sech d'Situatioun awer sécher verbesseren.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Goldschmidt



Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.