Invité vun der Redaktioun (14. Februar) - Georges MerenzMaximum u Sécherheet um Schinnereseau garantéiert

Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch de Moie war de President vun der Eisebunnergewerkschaft.

Invité vun der Redaktioun: Georges Merenz (14.02.2018)
Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch de Moien ass de President vun der Eisebunnergewerkschaft.

Viru genee engem Joer sinn op der Streck Beetebuerg-Diddeleng e Lëtzebuerger Passagéierzuch an e franséische Gidderzuch frontal anenee gerannt. De Lëtzebuerger Maschinist stierft. D’Hannergrënn, waren e mënschlechen Feeler a Sécherheetssystemer déi net funktionéiert hunn.

Esou en Ongléck huet natierlech en enormen emotionalen Impakt op d'Leit, déi bei der Bunn schaffen. Sou de Georges Merenz, President vun der Eisebunnergewerkschaft Landesverband, um Mëttwoch de Mueren am RTL Interview. Trauer ass grouss, et huet een e Kolleg verluer.

Et wieren awer Léieren aus dem Accident gezu ginn, sou den Invité vun der Redaktioun weider. D'Intervalle bei der Maintenance goufe gekierzt, de Sécherheetssystem ETCS, de Modernsten an Europa, gouf um ganze Reseau verbreet, och auslännesch Zich sollen elo kuerzfristeg domadder equipéiert ginn an och d'Formatioun vun de Maschinisten gouf verbessert.

Elo wier e Maximum u Sécherheet um Lëtzebuerger Schinnereseau garantéiert.

Datt awer eppes geschitt, kéint een awer ni ausschléissen, sou de Georges Merenz vum Landesverband weider.

D'Eisebunner waarden elo drop, datt d'Enquête iwwert d'Accident endlech ofgeschloss gëtt, fir gewuer ze ginn, wat de 14. Februar 2017 genee geschitt ass.

Wat seng Gewerkschaft ugeet, do huet de Landesverband-President erkläert, datt eng méiglech Fusioun mam OGBL den Ament keen Thema wier.

D'Kooperatioun mat der gréisster Gewerkschaft am Land géif just verdéift ginn. Dës wier zum Beispill aus Representativitéitsgrënn néideg, bei Kollektivvertragsverhandlungen.

Eng Fusioun mat där anerer Eisebunnergewerkschaft, dem Syprolux, wier och net néideg, well och hei géif schonn eng gutt Zesummenaarbecht existéieren.

Landesverband a Syprolux haten um Mëttwoch de Mueren och eng gemeinsam Gedenkminutt am enke Krees wéinst dem déidlechen Zuchaccident virun engem Joer.

Invité vun der Redaktioun - Georges Merenz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.